Historik

 Et war den 19. Juli 1908 wéi eise Corps zu Weller gegrënnt ginn ass .

 Zu där Zeit hunn sie 28 Memberen gezielt : 24 vu Weller, 3 vu Groljen an 1 

 vu Wuelessen.

 Den 1. Fändel gouf 1909 ageweit. 

 1911 ware sie houfreg, wéi sie déi 1. Sprëtz kruten, dëst  war eng fahrbar 

  Saug+ Drockpompel,op 4 Räder, a gouf vun engem Pärd gezunn. 

 De Pompjeeën hiren Ënnerdach war niewt der Schoul an engem klenge Schapp. 

 1940, wéi eist Land vun de Nazis besat war , ass de Corps ouni vill Gedeessems

 opgeléist ginn, fir net ënnert däitscher Verwaltung an enger friemer Uniform 

 ze schaffen.

 4 Joer méi spéit ass sämtlich Material an Uniformen mam Schapp an den

  ugebaute Gebäilechkeete verbrannt . 

 Den 11.Juli 1948 gouf de Corps erëm nei réorganiséiert.

 Neit Material an Uniformen waren zu där Zeit nom Krich fir eis Gemeng ee  

  Problem. Sou hunn déi Dikkricher Pompjëeen de Weller Komeroden 

  eng Pompel geschenkt, dest war eng Druwill . 

 1950 ass d‘Molkerei am Duerf  zougemach ginn an als Pompjeesbau ëmgebaut ginn.

 An dat Jaar drop war déi  2. Fändelsweih , zu der Zeit huet d’Gemeng 

 eng nei  Motorpompel ugeschaaft,a mat de Vereinsgelder ass 

 schons den 1.Okkasionsauto kaaft ginn. 

Den eischten neien Auto war en Opel Blitz deen de 14. Juli 1966 ugemeld ginn ass. Hie verbréngt säi wuelverdéngte Liewensowend zu Colmar an enger Hal . 

Eis Jugendwier gouf 1972 gegrënnt. 

Véier Jaar méi spéit ,ass dat ganzt Material vun der aler Molkerei an de Keller vun 

dem heitige Merzweckbau geplënnert ginn. 

Den TLF 1800, fir 1800 ltr Wasser an 200 ltr Schaum hu mir eis 1978 ugeschaaft.   

Fir mat de Pompjeeë séier a sëcher op  d`Asatzplaz ze fueren ,krute mir 1993

 en neie Mannschaftswon, e Ford Transit .

 

Deen neie Pompjeesbau, niewt de Gemengegarage ass den Oktober 1995 

ageweit ginn, mir waren gans frou, wéi mir eisen eegenen Ënnerdaag kruten,

 mee och dëse Bau war erëm ze kleng an ass mëttlerweil vergréissert ginn (Wanter 07/08) 

 

Op den Dag genee 5 Joer no der Aweiung  vum Bau, hu mir am Jahr 2000 eisen 

neien Tankwon an eisen neie Pompjeesfändel kritt, dese Fändel stellt op der 

enger Säit de Pompjee am Asaz duer an am Hannergrond déi dräi 

 Faarwe vu Letzebuerg . Op der anerer Seit sinn d’ Dierfer vun der Gemeng ze gesinn.

 

 Nodeems am Joer 2005 de Bivelser Corps opgeléist gouf, well net méi 

 genuch Interessenten do waren fir fräiwëlleg Dengschter ze leeschten, si mir 

 Weller Pompjëeen zoustänneg fir déi ganz Gemeng Pëtschent. 

 Aus dem Grond hu mir eisen  Numm och emgeännert an zwar si mir zënter 

 2008 de «  Service d`Incendie et de Sauvetage de la Commune de Pütscheid «  

 mat Sëtz zu Weller,esou geet de Numm Weller nach net ganz verluer an 

 eisem Pompjeeeswiesen. 

 

Eise Corps zielt de Moment 12 Jugendpompjëeen, 35 Aktiver a 17 Pensionären.

 De Corps gëtt geleed vun engem Comitee vu 7 Leit, heivun sinn der 3 och gans 

aktiv am Kantonalvorstand, een ass Kantonaljugendleiter,een ass Inspekter, an 

viru kurzem huet den drëtten  och de Posten als Kantonalpräsident ugeholl.

 

Zënter bal 60Jahr bedeelige mir eis un de Nationale Concouren, an zënter méi 

wéi 30 Jaar sinn déi Weller am Ausland derbäi . Vill Gold a Selwer ass 

während all dene ville Jaaren hei an dat klengt Duerf gefloss .

1951 war den 1. Nationale Concours wou Weller Pëtscht bedeeligt war. 

An de 70er Jahren ass et dann an d’Ausland gaangen, op Brünn (CSSR) , 

Trento (I), Böblingen (D), Vöcklabruck (AU) , Bienenbüttel (D ) , Warschau (PL), 

Berlin (D) , Herning (Dk), Kuopio (Fin), Kroatien an 2009 op Ostrava an der Tschechei.

 

Dëse klenge Réckbléck wier awer op kee Fall komplett, ouni déi wertvoll Verdéngschter vun zwee fréier Pompjeeën erfirzehiewen. De Wolter Armand an de Kissens Vic,  déi leider net méi bei eis sinn. Ouni hiren onermiddlechen Asaz wieren déi Weller Pompjeeën ni dat ginn, wat si haut sinn.

 

Schaul Albert

November 2009